Metal & Pipes

Symphonic metal meets pipe organ

25.06 19:15 (Dauer: 30min)

Wat ass de Programm vum Concert? 

Guardians of the Threshold - ShadoWhisperS
Mara - ShadoWhisperS
Monster - ShadoWhisperS
Suite Gothique - Léon Boëllmann
Queen of Babylon - ShadoWhisperS

Beschreift Äre Concert an 3 Wierder

Uergel / Metal / 🤘

Wat ass Är Inspiratioun als Artist / Grupp / Ensembel?

E Groussdeel vun de Kompositiounen, déi vu "Metal and Pipes" gespillt ginn, stamen aus der Fieder vun der lëtzebuergescher symphonic Metal Band "ShadoWhisperS". Hir Musek ass düster, erzielt vun donkele Gestalten, inspiréiert vun Dreem a Fantasiewelten. Duerch de Paul Kayser op der Uergel, kommen dann awer och klassesch Aflëss am Projet "Metal & Pipes" zum Virschäin. Besonnesch d'Neiinterpretatioun vum Léon Boëllmann senger "Suite Gothique" wäert dem Public sécher nach laang en Ouerwuerm bleiwen. 

Artist zu Lëtzebuerg / an der Grouss Regioun ze sinn, wéi beaflosst dat Är Musek?

"Metal & Pipes" ass esou divers, ewéi Lëtzebuerg. Et komme vill verschidden Aflëss beieneen. D'Museker hunn all en anere musikalesche Background a genau dat mécht dëse Projet aus. Metal a Päifenuergel ass ongewéinlech, speziell an dann awer immens harmonesch.

D’Museker

  • Diane Frisch

    • Gesang
  • Jean-Claude Sonnen

    • Gittar
  • Piquet Jung

    • Elektresche Bass
  • Paul Kayser

    • Uergel
  • Laurent Schleck

    • Keyboard
  • Tom Speller

    • Drums