Praktesch Informatiounen
Gratis
De Festival ass gratis an ouni Reservatioun. Dir braucht deemno keen Ticket a kënnt zu all Moment an di verschidde Säll goen, fir esou vill regional Artisten aus der Grouss Regioun z’entdecke wéi Dir wëllt.
Localisatioun
De Festival fënnt de 24., 25. a 26. Juni 2022 an der Philharmonie an op der Place de l’Europe statt. Entdeckt d’Säll an de Programm op eiser interaktiver Kaart.
Accessibilitéit
- Ëffentlechen Transport
D’Philharmonie ass iwwer verschidde Weeër ze erreechen: Tram (l.1 – Arrêt Philharmonie / Mudam) an d’Busen (l.12 an 32 – Arrêt Philharmonie / Mudam a l.6, 16, 18 et 21 – Arrêt Rout Bréck – Pafendall). Méi Informatiounen hei.
- Vëloen
Vëlosstatiounen am libre-service befanne sech an der direkter Géigend vun der Philharmonie. Méi Informatiounen hei.
- Autoen
Et stinn Iech zwee Parkhaiser zur Verfügung, di zum Fonds Kirchberg gehéieren a vun Indigo verwalt ginn. Bei Ärem Besuch kënn Dir vum Tarif « manifestation » profitéieren.
Place de l’Europe
1.324 Plazen
Oppen 7/7 05:30–24:00
Tel: (+352) 26 00 81 15
Direkten Accès via l’Avenue J.F. Kennedy (bedeckten Accès an accessibel mat engem Rollstull).
Trois Glands
523 Plazen
Oppen 7/7, 24/24h
Tel: (+352) 26 09 40 39
Accès iwwer l’Avenue J.F. Kennedy, an der Sortie vum Tunnel ënnert der Place de l‘Europe; oder um Enn vun der rue du Fort Thüngen.
Food and Drink
Zur nämmlechter Zäit wéi de Fräiraim Festival, fënnt och de Yumm Festival, e Food Truck Festival op der Place de l‘Europe statt. Dir hutt d’Méiglechkeet d’Food Trucken aus verschiddene Länner ze testen an dobäi lokalen Artisten ze erliewen. Méi Informatioune fann Dir hei.